glenfarclas40

  1. Definitioun:
    1. Wueren
      1. Waasser
      2. Geescht
      3. Hief
    2. Minimum 3 Joer am Fass gelagert
    3. Minimum 40° Alkohol
  2. Wéi entsteet Whisky?

    1. Mälzen:
      D’Geescht (Gerste) gëtt (traditionell um Späicher vun der Mälzerei) ausgebreet, ugefiicht an esou zum Keime bruecht. Dobäi wandelt sech d’Stäerkt a Malzzocker deen duerno gebraucht gëtt fir an Alkohol ëmzewandelen. Déi malzeg Geescht gëtt regelméisseg ëmgeschëppt/gereecht fir dass eng regelméisseg Temperatur bestoe bleift.
    2. Darren:
      De Prozess vum Mälzen gëtt mat Hëtzt gestoppt.

      1. Mat Loft à neutralen Goût.LaphroaigDistillery
      2. Mat Damp vun Torfverbrennung à torfege Goût.
    3. Maischen:
      Déi gemälzte Geescht gëtt geschrot (gemuelen), mat Waasser vermëscht an opgekacht. De Malzzocker gëtt esou entzunn. Déi zockerhalteg Flëssegkeet gëtt vun de Feststoffer getrennt an dann a Gärtanke gepompelt.
    4. Gären:
       An de Gärtanke gëtt Hief bäigemëscht. Den Zocker gëtt an Alkohol an a CO2 ëmgewandelt.
    5. Éischt Distillatioun: Beim Verdonsten an ofkillen an der Brennblos entsteet de „Rohbrand“.
    6. Zweet Distillatioun: Beim Verdonsten an Ofkillen an der Brennblos entsteet de „Feinbrand“.
      Fir d’éischt kënnt den sou genannte Virschoss deen iwer 70° Alc huet.
      Duerno kënnt de Mëttellaaf  deen an der Moyenne 70° Alc huet.
      Schlussendlech kënnt nëmmen nach den Nolaaf.
      Nëmmen de Mëttellaaf gëtt geholl fir de Whisky ze maachen.
    7. Fassfëllung:
      De Mëttellaaf gëtt mat méi oder manner Waasser gemëscht fir d’Faassstäerkt ze bestëmmen (héich- oder nidregprozenteg) an duerno an hëlze Fässer agefëllt a gelagert.
  3. Fässer:
    Net nëmmen dass et verschidde gréisste vu Fässer gëtt, mä d’Fässer kënnen och aus verschiddenen Hëlzer bestoen. Prinzipiell sinn déi meeschte Fässer aus Eechenholz.
    Et kënnen och aal Fässer benotzt gin fir dem Whisky en spézielle Goût ze gin. Dat sin Fässer an deene virdru Porto, Sherry, … oder souguer Sauternes gelagert war.cropped-shop.jpg
  4. Puer Bezeechnungen:
    1. Blended:
      Blended heescht gemëscht. Et ka sinn dass ee Whisky sech aus enger Mëschung vu verschiddenen Distillater aus engem Haus oder souguer verschiddene Brennereien zesumme setzt. (Bsp.: Johny Walker red label, Chivas, …).
    2. Malt Whisky ass ausschliisslech aus gemälzter Geescht distilléiert (weder Mais, Weess oder soss Fruucht).
    3. Single Malt: ass en Malt Whisky deen aus enger eenzeger Distillerie kënnt.
    4. Cask strenght ass d’Faassstärkt (Alkoholgehalt vum Whisky am Faass).
    5. Single cask: De Whisky kënnt ausschliisslech aus engem Faass. Dës Fläsche sinn och duerno mat der Faassnummer gezeechent.
  5. Haaptgéigenden: (>The Land Of Whisky<)
    1. Highlands (Kräfteg Bsp.: Glenmorangie, Dalwinnie, Oban, …).
    2. Speyside laanscht den Floss Spey (Kräfteg Bsp.: Glenfiddich, Glenrothes, Macallan, …).
    3. Lowlands (Douce Bsp.: Glenkinchie, Rosebank, …).
    4. Insel Islay (Torfeg Bsp.: Ardberg, Bowmore, Lagavulin,…).
    5. Inselen Orkney, Skye, Mull, Arran an Lewis (Salzeg-Torfeg Bsp.:Talisker).
    6. Campbeltown, just nach 3 Brennereien (Kräfteg-Torfeg, Bsp.: Springbank, Hazelburn, Longrow).

An zum Schluss déi berühmte Frô: Äis??? Waasser???

    • De Genéisser drénkt de Whisky Pur. An engem „nosing“ Glas gëtt de Geroch nach méi intensiv.
    • En cask strenght Whisky huet meeschtens tëschent 50° a 60° Alc.
      Kann Pur gedronk ginn, gëtt awer éischter mat engem sprëtzer Waasser gemëscht a mécht de Goût souguer nach méi intensiv.
      Experten bestellen sech souguer hiert Waasser am selwechten Haus wou och de Whisky hirkënnt.
    • Äis as am Fong en Goût- a Gerochkiller. Mee och hei gëllt: Drénkt en esou wéi en IECH am beschte schmaacht!

      Slàinte Mhath!