Infos:
„Hattfield is a blend of grain and malt whiskys from american, canadian, indian, spanish and scottish origin aged in wooden casks“
Mat anere Wieder: Dat bëllegsten wat ech fond hunn vir ze kachen… puer ass en net ze drénken.
(6 Euro)
Präiss: 0-25€
Besëtzer: Joe



Infos:
Aroma: eine angenehme Süße, gepaart mit Aromen von Torf und Gerste – etwas Rauch
Geschmack: reichhaltig, mit würzigen und leicht rauchigen Tönen, etwas Malz und Eiche – wieder die angenehme Süße
Abgang: lang anhaltender, würziger Abgang – die Eiche bleibt
Präiss: 50-75€
Besëtzer: Flory & Pedro & Joe



Infos:
Die Abfüllungen der Spirit & Cask Range werden von den Rare Malt Managern selbst ausgesucht. Jeder Whisky wird als Einzelfass oder Small Batch abgefüllt, in Trink- oder Fassstärke.
Fasstyp: Hogsheads
Fassnummern: 306820 + 306822
2011-2015 / 881 Flaschen
Präiss: 50-75€
Besëtzer: Joe


Infos:
Aroma: Frisch gemähtes Gras, Orangenblüte. Pimment, Andeutungen von Vanille, Apfelkuchen und Brombeeren.
Geschmack: Gewürzt, reich mit Rosenblütengelee und Zitronencreme. Sahnige Vanille, Anflüge von getrockneten Kräutern und Zimt.
Im Nachklang floral, kräutrig. Karamell ganz am Ende. Ein wunderbar sahninger, würziger und reicher Irish blend.
Fasstyp: Bourbon, Rum Finish
Präiss: 25-50€
Besëtzer: Joe

- Definitioun:
- Wueren
- Waasser
- Geescht
- Hief
- Minimum 3 Joer am Fass gelagert
- Minimum 40° Alkohol
- Wéi entsteet Whisky?
- Mälzen:
D’Geescht (Gerste) gëtt (traditionell um Späicher vun der Mälzerei) ausgebreet, ugefiicht an esou zum Keime bruecht. Dobäi wandelt sech d’Stäerkt a Malzzocker deen duerno gebraucht gëtt fir an Alkohol ëmzewandelen. Déi malzeg Geescht gëtt regelméisseg ëmgeschëppt/gereecht fir dass eng regelméisseg Temperatur bestoe bleift.
- Darren:
De Prozess vum Mälzen gëtt mat Hëtzt gestoppt.
- Mat Loft à neutralen Goût.

- Mat Damp vun Torfverbrennung à torfege Goût.
- Maischen:
Déi gemälzte Geescht gëtt geschrot (gemuelen), mat Waasser vermëscht an opgekacht. De Malzzocker gëtt esou entzunn. Déi zockerhalteg Flëssegkeet gëtt vun de Feststoffer getrennt an dann a Gärtanke gepompelt.
- Gären:
An de Gärtanke gëtt Hief bäigemëscht. Den Zocker gëtt an Alkohol an a CO2 ëmgewandelt.
- Éischt Distillatioun: Beim Verdonsten an ofkillen an der Brennblos entsteet de „Rohbrand“.
- Zweet Distillatioun: Beim Verdonsten an Ofkillen an der Brennblos entsteet de „Feinbrand“.
Fir d’éischt kënnt den sou genannte Virschoss deen iwer 70° Alc huet.
Duerno kënnt de Mëttellaaf deen an der Moyenne 70° Alc huet.
Schlussendlech kënnt nëmmen nach den Nolaaf.
Nëmmen de Mëttellaaf gëtt geholl fir de Whisky ze maachen.
- Fassfëllung:
De Mëttellaaf gëtt mat méi oder manner Waasser gemëscht fir d’Faassstäerkt ze bestëmmen (héich- oder nidregprozenteg) an duerno an hëlze Fässer agefëllt a gelagert.
- Fässer:
Net nëmmen dass et verschidde gréisste vu Fässer gëtt, mä d’Fässer kënnen och aus verschiddenen Hëlzer bestoen. Prinzipiell sinn déi meeschte Fässer aus Eechenholz.
Et kënnen och aal Fässer benotzt gin fir dem Whisky en spézielle Goût ze gin. Dat sin Fässer an deene virdru Porto, Sherry, … oder souguer Sauternes gelagert war.
- Puer Bezeechnungen:
- Blended:
Blended heescht gemëscht. Et ka sinn dass ee Whisky sech aus enger Mëschung vu verschiddenen Distillater aus engem Haus oder souguer verschiddene Brennereien zesumme setzt. (Bsp.: Johny Walker red label, Chivas, …).
- Malt Whisky ass ausschliisslech aus gemälzter Geescht distilléiert (weder Mais, Weess oder soss Fruucht).
- Single Malt: ass en Malt Whisky deen aus enger eenzeger Distillerie kënnt.
- Cask strenght ass d’Faassstärkt (Alkoholgehalt vum Whisky am Faass).
- Single cask: De Whisky kënnt ausschliisslech aus engem Faass. Dës Fläsche sinn och duerno mat der Faassnummer gezeechent.
- Haaptgéigenden: (>The Land Of Whisky<)
- Highlands (Kräfteg Bsp.: Glenmorangie, Dalwinnie, Oban, …).
- Speyside laanscht den Floss Spey (Kräfteg Bsp.: Glenfiddich, Glenrothes, Macallan, …).
- Lowlands (Douce Bsp.: Glenkinchie, Rosebank, …).
- Insel Islay (Torfeg Bsp.: Ardberg, Bowmore, Lagavulin,…).
- Inselen Orkney, Skye, Mull, Arran an Lewis (Salzeg-Torfeg Bsp.:Talisker).
- Campbeltown, just nach 3 Brennereien (Kräfteg-Torfeg, Bsp.: Springbank, Hazelburn, Longrow).
An zum Schluss déi berühmte Frô: Äis??? Waasser???
- De Genéisser drénkt de Whisky Pur. An engem „nosing“ Glas gëtt de Geroch nach méi intensiv.
- En cask strenght Whisky huet meeschtens tëschent 50° a 60° Alc.
Kann Pur gedronk ginn, gëtt awer éischter mat engem sprëtzer Waasser gemëscht a mécht de Goût souguer nach méi intensiv.
Experten bestellen sech souguer hiert Waasser am selwechten Haus wou och de Whisky hirkënnt.
- Äis as am Fong en Goût- a Gerochkiller. Mee och hei gëllt: Drénkt en esou wéi en IECH am beschte schmaacht!
Slàinte Mhath!
Moien Alleguer,
Den 8.04 kommen „The Luxembourigsh Cask Selection“ bei eis laangcht vir een besse mei „professionelle“ Tasting ze maachen.
Sie beschäftegen sech virun allem mat onoffhengegen Offeller, et wärt also vill ze schmaache gin waat een selwer esou net am Geschäft geing fannen.
Wien hei derbei sin well entfert w.e.g. via Mail oder mëscht een Commentaire um Site.
Dat ganzt gëtt eis vun mengem Cousin (Claude Woleff) offréiert, mee wann den Undrang grouss ass, musse mer de Jongen vläicht een klengen Beitrag bezuelen.
Weider Informatiounen zur genauer Auerzait an dem Lieu kommen speider nach no. (virraussichtlech geinter Owend entweeder bei Lorentz oder Marques doheem)
Facebook vun The Luxemburgish cask selection
Vill Gréiß,
Joe



Infos:
Hunn di Fläsch duerch Zoufall fonnt, wäll se um Joe sengem Gebuertsdach distilléiert guff. 10.04.1992
di wärt dann och just op deem Dag opgemaach ginn
Nose: Wild and surprisingly young-smelling. Green fruit with a floral note. Lime, grapefruit, green tea. Banana and shoe polish.
Palate: Strong citric oak, light floral vanilla from the oak, and a touch or caramel but not that sweet. Rose petals, and grapefruit.
Finish: Long and lemony and drying.
Overall: A very interesting whisky with a dry characterful flavour.
Besëtzer: ab dem 10.04. Joe




Infos: Herrlech equilibréierten Torf an Sherry
Aroma: Die Noten des Olorosos sind deutlich: süße Feigen und Kakao. Dazu Torfrauch und Seeluft.
Geschmack: Mehr Sherrynoten mit Rosinen und dunkler Schokolade. Eingerahmt ist das Ganze vom tollen Bowmore Torfrauch.
Abgang: Lang und anhahltend.
Präiss: 50-75€
Besëtzer: Joe
Update(7.10):
Auerzäit: 16:00 Auer
Zu wei vill se mir: 7
Hei nach eng Lëscht vun de Memberen déi sech ugemellt hunn:
Pedro, Laurent, Vic, Flory, Flöp, Rol, Joe
Bis dann!
Whisky Owend (oder Nometten) beim Pedro vir eis nei Errungenschaften ze schmaachen.
Wéini: Sonndeg 11. Oktober
Auerzäit: Schreift mol an den Kommentaren wéini et iech am beschte geet.


Infos: (Vum Horst)
Aroma: Voll, reichhaltig mit einer würzigen Note. Spuren von Vanille, Karamell, Früchten und florale Noten.
Geschmack: Süß, sanft, rund, etwas fruchtig und würzig mit Anklängen von Vanille und Karamell.
Abgang: Angenehm und trocken.
Meng wäert-(voll || los) Meenung:
Geroch: Intensiv séiss, mat bëssen eppes herben. Vill Fruucht, Richtung Orange/Zitroun. Richteg angenehm
Geschmaach: Séiss, ronn, allerdéngs méi staark „alkoholesch“ wei een vum Geroch hier menge géing. Bëssen enttäuschend géigeniwwer vun der Nues.
Ofgang: Net der nämmlechter Meenung wei den Horst. Mir hannerléisst en een ze vill batteren alkoholeschen Nogout.
Präiss: 29,90 EUR
Besëtzer: Joe