Wann eppes aus enger Béierlaun eraus entsteet,…… da kann et just gutt ginn!

Sou wéi dem Schreiwer vun dësen Zeilen wäert et sou munchem goen, deen, wann en eemol zu engem Whisky ageluede, resp. ugebuede kritt, am 1. Moment dankend ofleent, well en dat Gedrénks Whisky just vag als déi komesch Fläsch mat engem Joergang drop kennt, déi en eemol viru laangem geschenkt krit huet an dunn am Keller vergiess huet, oder sech un dat eeklecht Gebräu wat de Bop hei an do gedronk huet wann en de Mo op der Kopp hat an als Kand eemol heemlech ugesat hat.

Ma net nëmmen ech, ma och vill aner „Unwëssender“ hunn no der enger oder spéitstens no der anerer Schmaacheenheet misse feststellen:

„Dat schmaacht dach guer net esou schlecht oder sou eeklech wéi s de et an Erënnerung haass.“

Nodeem datt een da puer Liewenswaasser konnt schmaachen, fënnt ee sech da eemol selwer am Whiskyrayon erëm a fänkt un alles ze liesen, wat da sou op de Këschten drop beschriwwen ass. Bei där Geleeënheet hëlt een dann och eng oder déi aner Fläsch mat heem.

D’Virléift zum Grillen oder Smoken bewierkt datt kuerzzeitlich duerno och raacheg an torfeg Fläschen de Wee op Furen fannen.

Fir nees zréck zum Béier ze kommen, deen net nëmmen aus deene selwechte Grondmaterialien: Geescht, Waasser  a Feier wéi de Whisky hiergestallt gëtt (beim Béier kënnt just nach Happ derbäi, ma dat just wéinst dem Goût), ma och d’Gesellegkeet zesummenhält, hu mer dann och kuerzerhand beschloss ee Veräin ze grënnen mam Numm:

Whisky Club Fouhren, oder kuerz WCF.

Well mer puer Adepten vun der Informatik an dem WCF hunn, louch et op der Hand eng Websäit ze maachen, op där dir iech lo erëm fand.

Bliedert roueg doduercher, a maacht eis ee Feedback.

Fir äis dobaussen als Club erkennen ze ginn hu mer och beschloss een eegene Logo an een T-Shirt ze maachen.

Mëttlerweil kënne mer net ouni Stolz soen, wat eis net nëmme Genéisser ma och schon Ubidder bestätegt hunn, datt mer eng ganz flott Gamme u guddem Whisky an eiser Kollektioun hunn.

Wéi der och am Deel „Whisky‘s“ kënnt gesinn.

Mir wëllen awer keng deier Fläschen kollektionéieren, ma wann se an äis eege Präisvirstellungen passen och all genéissen.

Mat der Zäit bemierkt ee selwer datt duerch déi verschidden Tastingen, engem säi Geschmaach méi delikat gëtt a selwer erausfënnt, wat fir eng Variatiounen un Aromaen an engem Whisky eraus ze interpretéiere sinn, éier ee muss op Këscht liese goen.

Domadder wëll ech och mäi Virwuert schléissen, wann der awer heimatter op de Goût komm sidd,

……da meld iech bei eis, de Club as op fir jiddereen.