

FUREN
Kierchestrooss an um Aak
Och dëst Joer gëtt am ganze Land nees „d’Nopeschfest“ ronderëm den Datum vum 26 Mee gefeiert.
Dofir géif de President an d’Membere vum WCF (Whisky Club Fouhren) sech freeë fir mat Iech zesummen
de 26 Mee ab 1900 Auer
d‘Nopeschfest vun de Stroosse „Kierchestrooss an um Aack“, zesummen am Schoulhaff vun der aler Schoul/Gemeng vu Furen ze feieren.
Fir Iessen an Drénken ass natierlech gesuergt.
Fir déi nei Formule ze lancéiere géife mir eng Participatioun froe pro Kapp :
- Erwuessener 15 €
- Kanner (Grondschoulalter) 5 €
Dës Suë si geduecht fir d’Onkäschten ze decken. Am Fall vun engem Iwwerschoss beim Decompte ginn déi Suën als Basis fir dat nächst Joer geholl.
Mellt Iech w.e.g. bis den 19 Mee un, entweder iwwer Email nopeschfest@wcf.lu oder um GSM: 691 802 738 an deelt eis äre Familljennumm plus d’Zuel vun Erwuessener a Kanner mat déi deelhuelen. (Vegetarier?).
Mir freeën eis drop fir e flotten Owend mat eisen Noperen ze verbréngen!
FR
Comme les années précédentes tout le pays fête à nouveau la « journée des voisins » autour de la date du 26 mai.
C’est ainsi que le Président et les membres du WCF (Whisky Club Fouhren) ont le plaisir de vous inviter à participer
le 26 mai à partir de 1900 heures
à la fête des voisins des rues « Kierchestrooss et um Aack » et ceci dans la cour de l’ancienne école/commune de Fouhren.
« Le boire et le manger » sont disponibles sur place.
Afin de lancer une nouvelle formule nous demandons une participation par tête :
- Adultes 15 €
- Enfants (Age école primaire) 5 €
L’argent servira à couvrir les frais d’organisation. En cas d’un surplus du décompte ce montant servira de base pour l’organisation de l’année prochaine.
Veuillez nous informer s.v.pl., soit par Email nopeschfest@wcf.lu soit par GSM au N° 621 802 738 en précisant le nom de la Famille ainsi que le nombre d’adultes et d’enfants participants. (Végétariens ?).
Nous sommes impatients de passer une soirée agréable avec nos voisins !